Aktivitéitsrapport 2014
De Comité war 6 mol zesummekomm fir de Programm vun 2014 ze organiséiren. Vill Décisiounen ginn haut iwwer Email getraff, mee et gin awer och nach ëmmer Invitatiounen mat der Post geschéckt , déi dann vum d’Laure Thillen agefëllt gin, e grousse Merci un d’Laure.
E Merci och un déi Dammen aus dem Comité, déi ëmmer mat gudden Ideen kommen.
Am C.A vun de Femmes Libérales ass de Norden vertrueden mam Maryse an Irène a si waren och präsent bei de Generalversammlungen vun deenen anere Sektiounen.
17. März: Generalversammlung
Déi läscht Generalversammlung war zu Dikrech am Hotel Beau-Séjour. Hei hat de Comité een DON vu 1500 EUR gemach un d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn, déi och 2 Golden Retriever präsentéiert hunn.
24. Mee:Een Dag am Mëllerdall
Visite am Atelier vun der Glasbléiserei zu Berdorf, hei huet d’Pascale Seil eis eng Demonstratioun gemach vun hirer Konscht. De nächste Besuch war am Renaissance Schlass zu Befort, dat zënter 2013 rëm op ass fir de Public. E gudd Mëttigiessen war am Restaurant Ballanti vun der Reitschoul zu Befort.
19. Juli Festival zu Woltz
E Besuch um Woltzer Festival mat „The Best of ABBA“
6. August: Ausstellung Musée Dräi Eechelen
Visite vun dem Musée Dräi Eechelen a mat der Ausstellung vum Charles Bernhoeft 1. Hoffotograf „Der Fotograf Charles Bernhoeft und die luxemburgische Identität“
4. Oktober Vulkaneifel
Een Dag an der Vulkaneifel, d’Land vun de Maaren, mat enger Visite am Vulkanmuseum zu Strohn mat der gréisster Lavabomm, d’Schalkemehrener Maar wat een Triichter huet vun 1.5 km Duermeesser an 200 m déif ass, an dem Geysir Brubbel zu Wallenborn.
13. Dezember Krëschtmaart Bréissel
Besuch um Krëschtmaart an dem Schokelasmusee zu Bréissel. D’Lightshow op der Grand-Place war eemoleg schéin. Presidentin hat de Restaurant „Aux Armes de Bruxelles“ fir d’Iessen reservéiert.
FLN Kalenner 2015
Dëst Jar ass den Tableau vun der Kënstlerin Doris Reyland fir den neie Kalenner zur Verfügung gestallt. Mat engem Merci vum Comité FLN.
25. Januar: Wantertrëppeltour
Ee flotten Wantertrëppeltour an der Fuussekaul iwwer d’Gewaan duerch e wonnerschéin, verschneite Bësch, mat engem Patt am Bësch, an als Ofschloss e gudde Maufel am Restaurant vun der Fuussekaul.
20. Februar Cube 521
„Die Wilden Weiber“ am Cube 521 zu Marnech, 6 Fraën mat Witz an Temperament mat hirer neier Show „An Bord“.
Am Programm vun deem läschte Joër war vun alles, Konscht, Musek, Austellungen, mat Besuch bäi eise Noper an der Eifel an zu Bréissel
Een härzleche Merci un eis Mëmbren an Frënn fir hir Präsenz bäi deenen verschiddenen Aktivitéiten.
Fotoën zu deenen verschiddenen Organistatiounen fannt Dir op eisem Site.

















