Trotz Reen waren vill Dammen an Hären um Rendez-vous fir de Trëppeltour duerch de Gréngewald. Begleet huet de Grupp den Här Christian Bremer, Feeschter vum Revéier fir Informatiounen an Erklärungen ze gin an och op d'Konscht am Bësch opmierksam ze maachen.
Interessant war och de Besuch vum Stafelterhaus dat ganz renovéiert gin ass. Dëst gouf vum Grand-Duc 1871 baue gelooss, fir de Relais mat de Päerd ze maache vum Palais bis an de Gréngewald wann eng Juegd war.
Uschléissend un des Wanderung war am Restaurant Waldhaff d'Mëttegiesse reservéiert.
I.S.









