Trotz schlechtem Wieder waren d'Membren vun de Femmes Libérales Norden op de Krëstmaart op Oochen. Eng Visite an der Schatzkammer vum Doum huet eis erlabt, déi bedeitenst europäesch Ausstellung iwwer Kulturkostbarkeeten ze bewonneren. Nom Rondgang duerch den Doum, laanst d’Graaf vum Karel de Groussen, war de Krëstmaart ugesot mat ville schéine Stänn, ville Leit a vill spezielle Boutiquen. Fir d’Mëttigiesse war de Wagon am Restaurant vum Ratskeller reservéiert.
I.S.









