Generalversammlung vun de Femmes Libérales Norden

Meendes, den 4. März 2013 am Hotel Lanners zu Ettelbréck

D’Presidentin Agny Durdu konnt vill Leit fir d’Generalversammlung vun de Femmes Libérales Norden begréissen, besonnesch d’Nationalpresidentin Simone Beissel an d’Generalsekretärin Josée Kayser, vun der Sektioun Esch-Uelzecht Thérèse Binsfeld, Lucienne Weyrich, Suzette a Pitt Eichers, vun der Sektioun Mamer-Suessem Nicole Gaasch a Nicole Reding a vun der Sektioun Osten d’Presidentin Odette Berend.

Den Aktivitéitsrapport ass vun der Sekretärin Irène Schmitz gemaach gin: De Comité hat 8 Versammlungen am Laf vum Jar fir all déi Aktivitéiten ze organiséiren.

Vill Détailer hu misse ganz séier iwwer Emailen entscheed gin, déi schrëftlech Invitatiounen huet d’Laure Thillen agepakt a verschéckt, him duerfir een décke Merci. Ee Merci och un d’Dammen aus dem Comité fir déi gudd Ideeën. Am C.A. vun de FL gët de Norden vertrueden vum Maryse an Irène.

5. März: Lescht Generalversammlung war am Restaurant Beau-Séjour zu Dikrech mat enger grousser Präsenz. Besonnesch begréisst gin ass d'Simone Beisel, Nationalpräsidentin mat enger staarker Delegatioun aus dem Conseil d’Administration vun de FL, sowéi och Vertrieder vun de Sektiounen Esch, Mamer-Suessem an der DP Dikrech.

Eng Retrospektive mat ville Biller vun all eisen Organisatiounen gouf projezéiert. Een Don vun 1500 EUR gouf iwwerreecht un d’Vertrieder vun NepaliMed, eng humanitär Organisatioun.

Et war e ganz variable Programm mat grousser Präsenz, duerfir een härzleche Merci un all eis Mëmbren an hir Frënn fir déi geselleg Ambiance bei all deenen Organisatiounen, an dem Comité och e Merci fir d’Ënnerstëtzung.

Zu allen Organisatiounen fannt Dir vill Fotoën op dem Internet-Site vun der Femmes Libérales Norden www. fln.lu.

De Keesserappport huet d’Presidentin virgedroën am Numm vun der Keessière Marie-Louise Jacob an Keesserevisoren Irène Wilhelm a Charlotte Berckes konnten eng präzis geféiert Keess bescheinigen.

De Programm vun 2013 gesäit vir am Mee de Musee vun Dräi Eeechelen kucken ze goen, vum 1.-5. Juli d’Rees an d’Normandie. Am August Konscht am Bësch um Waldhaff, e Besuch an der Glasbléiserei vum Pascale Seil zu Berdorf, e Krëschtmaart an d’Wanterpromenade am Eisléck.

Bei de statutarische Walen war keng nei Kandidatur do, mee d’Vizepresidentin Laure Thillen huet als Grëndungsmëmber no 12 Jar hir Kandidatur fir de Comité nët méi erneiert. D’Presidentin huet hir een décke Merci ausgeschwaat an e Cadeau iwwerreecht fir déi laangjähreg Arbecht am Comité.

D’Nationalpresidentin huet d’Gléckwënsch vum Conseil d’Adminstration iwwerbruecht an huet Merci gesoot fir déi vill Organisatiounen.

Als Invité vum Owend war et um Christiane Haller-Feidt fir der Assemblée eng Konferenz iwwer de Fonktionnement an d’Aktivitéiten vum Conseil National des Femmes zehalen. An dësem Conseil vertrëtt si d’Associatioun vun de Femmes Libérales. Een interessanten Owend gouf mat engem gudden Iessen ofgeschloss.

I.S.